De Béierlaf 2014

Den 13. September 2014 get zu Bettenduerf nees Geschicht geschriwen!

Ganz Bettenduerf, daat ganzt Land, di ganz Welt kuckt gespaant op di spannendsten 30 Minutten am Joer. D'Publikum erliewt onbeschreiwlech Zweekämpf zweschent Coureur a Béier, all Zorten vun Stierz an Héischleechtungssportler an top Form di bis zur letzter Schlupp alles gin.

De Bettenduerfer Béierlaf

30 Minutten Zäit fir ee Parcours vun 500m ze lafen a jeeweils mat engem Mini ofzeschléissen (ausdrénken). Eng nei Ronn duerf ee réischt ufänken wann een säi Mini eidel gedronk huet. No 30 Minutten dierf een déi läscht Ronn nach fäerdeg lafen a säin leschten Mini ausdrénken.

- Kéng Leefer ënner 18 Joer

- Wien Leeft, léisst den Auto stoen

- Respektéier déng Grenzen, an iwwerdreiw ett net

- Iwwerginn während der Course féiert zuer Disqualifikatioun




Den nächsten Béierlaf: Samschtes den 13. September 2014

 

 

 

 

 

umeldung